
Voyages Emile Weber huet e wichtege Message fir hir Clienten. D’Corona-Kris huet jo vill Betriber a Schwieregkeete bruecht an am Tourismussecteur ass d’Situatioun besonnesch dramatesch, well d’Leit sollen doheem bleiwen a vill Grenzen zou sinn. Doduerch kënnen och d’Equipe vu Voyages Emile Weber hir Reesaktivitéit net méi esou assuréieren, wéi hinnen an eis all dat léif wier. D‘Regierung wëll an deem aktuelle Kontext esouwuel de Rechter vum Konsument, ewéi dem ganze Reessecteur entgéint kommen an duerfir gouf jo décidéiert dass d’Remboursementer am Fall vun der Annulatioun vun enger Forfaitsrees elo wärend dem Etat de Crise emol op Äis geluegt sinn. D‘Autoritéite setzen alles drun, fir zesummen eng nohalteg Léisung op europäeschem Plang ze fannen. Voyages Emile Weber setzt duerfir op total Transparenz an ass weider mat deem gewinnte professionnelle Service fir seng Clienten do. Wéi gesot, et si jo Iwwergangsmesuren, déi d’Zeréckbezuele vun den Avance just op spéider verleeën, also bis un d’Enn vum Etat de crise. Voyages Emile Weber ass sech bewosst, dass d’Situatioun fir jidderee schwéier ass a seet senge Cliente merci fir hiert Versteessdemech, hir Gedold, hiert Vertrauen an dass si dem Famillgebetrib vu Kanech trei bleiwen, fir geschwënn nees éischtklasseg Reesen ze buchen!