
Nom grousse Succès vun der Emissioun „Eist Wëllt Lëtzebuerg“ op RTL KannaTivi, gëtt elo eng drëtt Staffel gedréint an dat nees ënnert dem Motto „Junior“.
An deem Kader ass e grousse Casting, fir déi richteg Junior Animateuren ze fannen!
Et gi 5 Kanner am Alter tëscht 9 an 13 Joer gesicht, déi gutt Lëtzebuergesch schwätzen, un der Natur interesséiert sinn a virun allem net schei sinn!
Äert Kand erfëllt all dës Konditiounen? Da kuckt elo séier op emwelt.lu a maacht mat.
Luusst och op welltletzebuerg.lu laanscht fir all d’Episoden nach e mol am Replay ze kucken.
Méi Infoen op: