100% lokal produzéiertElo am Cactus: Protektiounsmasken "made in Luxembourg"!

IPL
Produzéiert vu Santé Services, enger Duechtergesellschaft vun den Hôpitaux Robert Schuman

25/09/2020 Business News

De Cactus verkeeft elo Protektiounsmasken, déi 100% lokal produzéiert ginn. D’Mask schützt jo eis an déi aner an dëser sanitärer Kris an et ginn 2 Zorten: Masken aus Stoff, déi een e puer mol kann undoen an déi chirurgesch Masken, déi eemol gebraucht ginn. Des läscht genannt ginn och dacks kritiséiert, well se e schlechten Afloss op eis Ëmwelt hätte, wa se ewech geheit ginn, mee och, well se vu wäit hir, haaptsächlech aus China, importéiert ginn.

Fir dass se an der Hauspoubelle landen, duerfir muss jidderee vun eis suergen, a fir d’Ëmweltbilanz vum Transport ze verbesseren, duerfir gëtt et elo eng Léisung ! De Cactus verkeeft elo déi éischt Schutzmasken 100% made in Luxembourg. Si gi vu Santé Services produzéiert, enger Duechtergesellschaft vun den Hôpitaux Robert Schuman. Kuerz Transportweeër an niddereg CO2-Emissiounen sinn deen ee Virdeel vun där Produktioun, mee doduerch gëtt een och méi reaktiv a flexibel, wann de Moment et verlaangt. Wann eis Ëmwelt Iech also um Häerz läit an Dir wëllt lokal produzéiert Masken, dann huelt Iech se, exklusiv an Ärem Cactus.

cactus.lu

Back to Top
CIM LOGO