
D’Biller waren deser Deeg a ville Medien, och bei eisen däitschen a franseichen Noperen. Mir schwätze vun den Helikopteren an Jetten vun der Luxembourg Air Rescue, am Asaz fir COVID-19-Patienten an den dräi Länner ze transportéieren. No 23 Deeg Behandlung am Ettelbrecker Spidol ass jo des Woch e franséische Patient nees gesond ginn. Den Heli vun der LAR huet hien zreck bei seng Famill an den „Grand Est” bruecht. An der Tëschenzäit sinn nach 6 weider Patienten am stabilen Gesondheetszoustand an hir Heemescht rapatriéiert ginn! Mat deenen 20 Patienten, déi doniewt och nach aus der Grand-Est ausgeflu goufen, mécht dat elo scho 27 Covid-19-Missiounen. Eng Success-Story, déi gutt gedo huet, och de speziell geschoulte Mataarbechter vun der LAR.
Méi wéi 50.000 Missiounen hu si an de leschten 32 Joer mat hirer Flott, déi aktuell aus 6 Ambulanzjeten a 6 Helikopteren besteet, duerchgefouert. Dest och an Ebola-Gebidder an an anere Krise-Foyere weltwäit. Des Erfahrung kënnt elo ville Leit zegutt! Grenziwwerschreidend Missiounen - och déi, déi elo am Optrag vun eiser Regierung an de franséischen Autoritéite geflu ginn - gehéiere bei der LAR zum Alldag. Et ass awer ganz kloer, dass d’Noutfall-Versuergung duerch déi zwee Helikopter um Findel an zu Ettelbreck a kéngster Weis a Fro gestallt ass. Des zwee Rettungshelikopter fonktionnéieren ewéi ëmmer!
All des Asätz ënnersträiche, wéi wichteg d’LAR fir eis all ass a dass all Cotisatioun zu hirer wäertvoller Arbecht bäidréit. Si gouf jo 1988 gegrënd an huet den Ament 183.000 Memberen, déi weltwäit 24/7/365 vun hiere Servicer profitéieren. Wann Dir et ieren nach net sollt sinn, da gitt Member bei der Luxembourg Air Rescue op www.lar.lu.