
„Zesumme fir eis Bio Baueren“
Eng Initiativ vu BIOG, Cactus a Pains & Tradition.
Den 21. Mee schonn, hunn dës 3 Partner mat der Presenz vum Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlecher Entwécklung eng nei Initiativ fir d’Fuerderung vum Biologesche Landhaus presentéiert.
Et geet drëms Slowbaked-Brout nëmme mat Bio-Miel aus der Groussregioun ze baken an ze verkafen.
Aus hirer fester Iwwerzeegung eraus, dass d’Valeur an d’Fuerderung vu Biolandwierten noutwenneg ass,
huet Biog, Cactus a Pains et Traditions, eng Produktiounskette vu Kären-Ubau, Miel-Gewënn a d’Backe vu Slowbaked-Brout opgebaut, déi Landwirten, Bäcker an Händler zesumme bréngt,
fir e Produit un de Mann ze bréngen, deen d’traditionellt Handwierk vum Bäcker respektéiert an e gudden Ëmgang vu Mënsch an Natur garantéiert.