Op Nummer 261 op der Areler Strooss zu StroossenEng nei kulinaresch Formule: de MAOstreetfood!

IPL
"All you can eat" ab 18 €!

Op Nummer 261 op der Areler Strooss zu Stroossen gëtt et elo eng nei, gutt gastronomesch Adress: de Restaurant MAOstreetfood. An 2 Wochen no der Ouverture huet de MAOstreetfood elo schonn d’Reputatioun vun engem modernen Lokal, an deem d’Atmosphär eng ganz aussergewéinlech Roll spillt, mat enger innovativer Kiche mat klenge Platen déi dauernd erneiert ginn fir de Klienten ëmmer eppes Neits ze bidden. Vu Sushi a Sashimi vum Ginko, iwwer verschidden Zaloten, Dim Sum als Buffet an aner kleng Platen, déi een iwwer en Tablett vum Dësch aus ka bestellen – jidderee fënd dat, wat ëm schmaacht! An dat ëmmer fir en eenheetleche Präis: mëttes an der Woch 18 € an owes an um Weekend 28,80 € „all you can eat!“. Déi besonnesch Stëmmung am Stil vun der chinesescher Revolutioun, kombinéiert mat traditionnelle Miwwele vu Beijing maachen de Restaurant MAOstreetfood zu engem inkontournabele Rendez-vous. Kuckt och op maostreetfood.lu.

RTL-Business 13.2.2019 13h20

maostreetfood.lu

Back to Top
CIM LOGO