De gastronomesche Restaurant vum Casino 2000 zu MunnerefEntdeckt déi nei Kaart aus dem Restaurant Les Roses

IPL
"Dîner des Gourmets", donneschdes, sonndes a méindes owes, mat 3 Suggestioune vum Chef

Entdeckt déi nei Kaart aus dem Restaurant Les Roses vum Casino 2000 zu Munneref! Déi excellent gastronomesch Adress huet déi komplett Menüspalette vun den Entrees-, Fësch-, Fleesch-, Kéis- an Dessertsspezialitéiten. An op der Schiefertafel entdeckt Dir e.a. dat weltwäit eenzegaartegt Wagyu-Rendfleesch. De Chef Alain Pierron a seng Brigade wëllen an deem Sënn en Tableau mat Qualitéitsprodukter op den Teller zauberen. Dir kënnt an deem herrleche Kader dobannen oder op der flotter, gemittlecher a sonneger Terrass hannert dem Gebai iessen. Och fir den Apéritif vun engem gréisseren Iessen ass dat eng super Plaz matzen an der Natur an an der frëscher Loft. An dann huet de Restaurant Les Roses natierlech och nach ëmmer säi faméisen “Dîner des Gourmets”, donneschdes, sonndes a méindes owes, mat 3 Suggestioune vum Chef. Bliedert am Beschten duerch déi nei Menüskaart vum Restaurant Les Roses a vun deenen anere Restauranten am Casino 2000 zu Munneref op www.casino2000.lu

RTL-Business 24.5.2019 13h20

www.casino2000.lu

Back to Top
CIM LOGO