Op der Cloche d'Or an an der Belle-EtoileErnster: "l'esprit livre" a "l'esprit café"!

IPL
Loosst Iech kulturell verwinnen!

RTL-Business 13.3.2020 13h10

Ernster ass jo stad- a landbekannt fir säi grousse Choix u Bicher, mee si hunn nach vill méi ze bidden. Zum Beispill an hieren 2 Caféen an de Geschäfter op der Cloche d’Or an an der Belle-Etoile. Do zervéiere si alles vum gudde waarme Cappuccino bis zum Ristretto, mat oder ouni Mëllech, laktosefräi oder Sojamëllech. Doniewt kritt Dir och selwergemaachte Smoothien, Limonaden a verschidden Zorte Latte. A fir de klengen Honger zwëschenduerch ass och gesuergt: den Ernster Café bitt Zaloten a Bagelen a fir de séissen Zand vill verschidde Stécker Kuch. Alkohol gëtt keen zervéiert, well et soll een sech jo op säi gutt Buch konzentréieren. Profitéiert also vun där gemittlecher, kultureller Atmosphär vum Ernster Café an den Akafszentere Cloche d’Or a Belle Etoile an den „esprit livre“ fann Dir jo och nach 3mol an der Stad, an der City Concorde zu Bartréng, zu Ettelbréck an der Foussgängerzon, am Cactus zu Bascharage a 24 op 7 op ernster.com.

ernster.com

Back to Top
CIM LOGO