Ënnerstëtzt direkt d’Produzenten an d’AarbechterFairtrade wielen, heescht Liewe retten!

IPL
Mat der Fairtrade Primm kann z.B. d'Hierstellung an d'Bezuele vu Masken, Schutz-Händschen an Desinfizéier-Produkter finanzéiert ginn

Business RTL 15.5.2020

An da maache mir nach en Appell fir Solidaritéit ouni Grenzen, mat de Produzente vu Fairtrade. Si schaffe weider. Fir eis. Fairtrade wielen, heescht Liewe retten!

An Asien ginn et scho vill Fäll vu Massenentloossungen, wou bekannte Marken hir Mataarbechter net méi bezuelen. A vu Schutz, fir déi, déi kënne weider schaffen, keng Spur! Doniewt ass de Präis vum Téi dramatesch gefall an d’Kaffisrécolte op ville Plazen a gefor. Änlech an Afrika, wou et immens grouss Ausfäll op Planzen a Blumme ginn.

D’ONG Fairtrade Lëtzebuerg, Member vu Fairtrade International, ënnerstëtzt des Produzenten an Aarbechter weltwäit an hirem Kampf géint de COVID-19. Mat der Fairtrade Primm kann z.B. d’Hierstellung an d’Bezuele vu Masken, Schutz-Händschen an Desinfizéier-Produkter finanzéiert ginn. Si kann och fir den Akaf vu Liewensmëttel oder finanziell Ënnerstëtzung zum Iwwerliewe vun de Produzenten agesat ginn.

Wann dir Fairtrade zertifiéiert Produkter kaaft, ënnerstëtzt dir direkt d’Produzenten an d’Aarbechter! Duerfir: passt drop op, dass de Fairtrade-Logo drop, da sinn Är Produkter duebel gutt!

fairtrade.lu

Back to Top
CIM LOGO