Nach bis den 18. Oktober„Festival della Pasta“ am Ristorante Roma

IPL
Entdeckt déi autentesch, italiéinesch Kichen an der Louvignysgaass an der Stad!

18/09/2020 Business 13h15

Nach bis den 18. Oktober ass de „Festival della Pasta“ am Ristorante Roma an der Louvignysgaass an der Stad. Am Roma ginn d‘Nuddelen zanter 1950 mat vill Leidenschaft vun Hand gemaach a mat authenteschen an einfachen italienesche Rezepter gekacht. Um Festival ginn et dann zum Beispill: Tortelli mat engem Mozzarella-Häerz, mat enger emulsionnéierter Tomatenzooss mat Olivenueleg a Basilikum, Lunotti, gefëllt mat enger Mousse aus Broccoli, Filet de Bar an enger Chorizo-Zooss, Casoncelli, gefëllt mat enger Blanquette de veau, Mascarpone-Jus a klengem Geméis oder och nach Pansoti mat Canard confit, eng Montepulciano-Zooss mat schwaarzen Truffen. Dat sinn nëmmen e puer Beispiller, niewt der traditionneller an der Suggestiouns-Kaart. Wann Iech elo schonn d‘Waasser am Mond zesummeleeft, da reservéiert elo op roma.lu an Dir kënnt Iech déi nei kreativ oder traditionell Platen och bequem Heem liwwere loossen, mëttes an owes!

roma.lu

Back to Top
CIM LOGO