Felicitatioun fir den den Titel beschte Männer Coiffeur Lëtzebuerg 2019Fred Mendes vum Groupe Ferber Hair & Style

IPL
Net fir d'éischte Kéier hei gewonnen

Den Titel fir de beschte Männer Coiffeur Lëtzebuerg 2019!

Dee geet dëst Joer op de Lampertsbierg ! Méi genau bei de Fred Mendes Associé a Collaborateur vum Group Ferber Hair & Style.

D‘Kréinung fir den All-Star Winner 2019 Lëtzebuerg, organiséiert vun Amercian Crew, ass déi gréissten Auszeechnung déi een hei am Land als Männer Coiffeur kann erhalen.

27 Joer ass de Fred Mendes elo scho beim Groupe Ferber Hair and Style a konnt och schonn 2016, den Titel fir den All-Star Winner fir sech gewannen.

Doduerch gouf et him erméiglecht, Lëtzebuerg op der grousser Final zu Paräis ze vertrieden.

Also léif Häre sollt Dir de beschte Coiffeur aus Lëtzebuerg sichen, dee fannt Dir bei Ferber Hair and Style um Lampertsbierg.

Back to Top
CIM LOGO