
Leider ass d’Fréijoers-Dégustatioun vun de Caves Desom vu Réimech dest Joer net méiglech. Hir Clientèle kann awer trotzdeem vum 27. Abrëll bis de 15. Mee vun enger spezieller Offer vun 10 % Remise op all hiere Crémanten a Wäiner profitéieren. D’Haaptlagen vun deem 40ha-Famillgebetrib si jo den Naumberg, de Primerberg, de Markusberg, Diefert, Foulschette a Kurschels. Hier Haaptproduiten sinn de Crémant Rosé, Elégance, Millésimé an Tradition. Hir Spezialitéite sinn d’Barrique, de Crémant de Luxembourg, d’Vendanges tardives, den Äiswäin an de Stréiwäin. Rufft einfach un um 23 60 40-1 a si bréngen Iech Är Bestellung heem. Bleift doheem an haalt Iech gesond a monter mat engem goude Pättche vun iser schéiner Musel.