
Bis e Samsdeg 23.3. ass nach déi grouss Fréijoërs-Wäifoire am Cora Concorde zu Bartréng. An hierem “Guide du Vin” entdeckt Dir 280 verschidde Referenzen, niewt aneren 200 am Geschäft. Vum Präis hier ass fir jiddereen eppes derbei. Dir fand och eng schéi Selektioun am Schampes, 200 Wäiner vu Bordeaux mat den aussergewéinleche Millésimen 2015 an 2016, 90 Wäiner aus der Vallée du Rhône mat der Côte Rotie a Châteauneuf du Pape, 40 Biowäiner a bei de Wäiner aus aller Welt steet den italienesche Wéngert am Focus. Bei der Degustatioun stinn Iech d‘Sommelieren vum Cora Concorde mat Rot an Dot zuer Säit. D’Detailler vun der Fréijoërs-Wäifoire am Cora Concorde op der Longécher Strooss zu Bartréng, grad esou wéi hiere “Guide du Vin” fand Dir och op www.cora.lu.