
BIOG huet eng nei Bio-Glace lancéiert: de „Frozen Yogurt mat Zitroun“. Niewt de Klassiker „Vanill“, „Schockela“ a „Mokka“, déi et schon 2 Joer ginn, koum d’läscht Joer nach de Goût „Äerdbier-Vanill“ derbei an elo ebe ganz nei de „Frozen Yogurt mat Zitroun“. Déi sinn alleguer besonnesch cremeg, natierlech a fair a just aus Lëtzebuerger Bio-Mëllech a Bio-Ram ouni zousätzlech Aromen a mat fair gehandelte Produkter ewéi zum Beispill dem Kakao oder der Vanill. An der BIOG-Molkerei zu Käerjeng ginn och keng Faarwstoffer oder kënschtlech Arome verschafft, mee zum Beispill Demeter-Äerbieren oder fair gehandelt Bio Bourbon Vanill. Et gëtt d’BIOG-Glacen am 130ml Pabeierbecher mam klengen Holzläffel derbei oder fir déi ganz Famill am 500ml oder 1,1 Liter. Dir kritt se an allen Naturata Bio Geschäfter an an de Lëtzebuerger Supermarcheeë mat engem Bio-Rayon. Méi Detailler iwwer all hier Produkter fand Dir och op www.biog-molkerei.lu.