
„Kaaft lokal“ – dat soll jo an desen Zäiten dee ganz normale Reflex vum Konsument sinn, fir eis Betriber ze ënnerstëtzen.
Lokal produzéiert – lokal genéissen! Bleift doheem a loosst Iech verwinnen – dat ass d’Devise vum Metzler an Traiteur Niessen, zanter 1982! Genéisst hir ganz Gamme vu Produkter, déi si gratis vun dënschdes bis samsdes uechter d’ganzt Land liwweren, fir all Bestellung vun 30 € un. Fleesch, Uebst, Geméis, Fësch, Kéis, Grillspezialitéiten, vegetaresch Platen a Wäiner aus der Selektioun Niessen. Loosst Iech vun hirem Traiteur-Service verwinne mat fäerdege Platen a komplette Menüer, zum Beispill och fir Kanner, mam Dessert – ganz praktesch heem geliwwert, frësch op den Dësch!
Niewt der lokaler Produktioun an hiere Metzlereien an Traiteur Service zu Bartréng an zu Elwen hu si och eng Bio-Metzlerei um Belair! Frot Iech Äre Formulaire fir ze bestellen um 99 81 03 an op info@niessen.lu! All Bestellung, déi bis 12.00 Auer mëttes era kënnt, kann deen Dag drop geliwwert ginn a gëtt mat der Kaart beim Chauffeur bezuelt.
De Jean-Marie an de Patrick Niessen soen hire Clienten an dem Personal villmols Merci fir déi trei Ënnerstëtzung a sinn och weider fir Iech do, och op niessen.lu!