Op der Home Expo an der Luxexpo The BoxGewannt eng „Nuit insolite“ mat der Fedam

IPL
Vum 10. bis den 18. Oktober

09/10/2020 Business News

D’Membere vun der Fedam sinn dann natierlech och op der Home Expo present a luede mat der Luxexpo op eng flott Aktioun an.

„Nuit insolite“ heescht se an den Numm ass Programm ! Gewannt op der Home Expo eng aussergewéinlech Nuecht mat Voiturier, Gala-Dîner, Kaffi moies fréi, exklusivem Zougang zu Schwämm a Sauna a verschidde flott Iwwerraschungskaddoen. Dat Ganzt an engem Zëmmer mat deene schéinste Miwwele vun den Aussteller vun der Fedam. Donieft ginn et och nach interessant Akafsbongen ze gewannen.

D’Partnerbetriber sinn de Couturier de la Cuisine, Hubor&Hubor, Tousalon, Thommessen Intérieurs, Roche-Bobois, Miwwel Thill, d’Maison du Lit, d’Literie Kandel, House of Comfort, La casa moderna a Go Kitchens. Dir braucht einfach nëmmen an der Hal e QR-Code ze scanne fir Iech online anzeschreiwen an op eng einfach Fro ze äntweren.

De Gewënner erlieft Dir dann och op RTL Radio Lëtzebuerg.

fedam.lu

Back to Top
CIM LOGO