
Bei Deco-Jardin fannt Dir Chrëschtbullen an allen Faarwen an alles fir Äre Chrëschtbeemchen esou richteg schéin ze rëschten. Deco-Jardin huet och eng immens Auswiel u Kaddosiddien a Chrëschtdekoratioun, vun traditionell bis modern, woubäi den Trend Richtung Naturtéin an Naturmaterialie geet. Donieft hunn sinn och vill Käerzen an alle Gréissten a Faarwen, an hiert frëndlecht a geléiert Personal hëlleft Iech gären ären Adventsteller ze gestalten. Erlieft eng Chrëschtambiance wéi Dir se soss néierens am Land fannt. Hiert ganzt Geschäft ass een eenzege Chrëschtmaart. Op der Ouverture vum Chrëschtmaart bei Deco-Jardin um Rouscht vum 22. bis den 24. kënnt dir och op extra Remisen op der ganzer Dekoratioun profitéieren. Fir méi Infoen an déi genee Ëffnungszäite kuckt gären op hirem Internetsite deco-jardin.lu oder op hirer Facebook-Säit.