
Vum Méindeg 16.3. bis e Freideg 20.3. ass dee groussen Occasiounsmaart vun der FEMAL. Da maacht Dir déi bescht Affairen bei den 12 Membere vun der FEMAL, der „Fédération des entreprises du machinisme agricole et industriel du Grand-Duché de Luxembourg“. Am spezielle Folder vum Occasiounsmaart sinn attraktiv Offere fir e.a. Trakteren, Häcksleren, allerlee Maschinne fir de Bauerenhaff, de Gaart an de Bësch, fir ze fidderen, ze méien an ze transportéieren. Déi gutt Adresse si bei Wolff-Weyland zu Allerbuer an zu Näerden, am Verband zu Kolmer a Fëschbéch bei Klierf, Agrotechnic zu Nidderfeelen, am Atelier Noé zu Wëntger, bei Cloos&Kraus um Rouscht, bei Felten Frères zu Weicherdang, Hogemat zu Amber, Lely Center Urspelt, Servatius an Ehlenz zu Kolmer a Vrehen zu Bissen. Déi nächst zwee grouss Rendez-Vousen mat der FEMAL sinn dann Ufank Juli op der Foire Agricole an am Oktober mat der Landmaschinnewoch – déi genee Datumer fann Dir op www.femal.lu.