Fir e frësche Summer„Healthy, tasty & easy“ – mam Delhaize

IPL
Equilibréiert Alternativen fir Är Ernärung an deene waarme Méint

RTL-Business 21.6.2019 13h20

„Healthy, tasty & easy“ – dat ass de Slogan vum Delhaize fir e frësche Summer. Delhaize proposéiert Iech equilibréiert Alternativen fir Är Ernärung an deene waarme Méint. Ënnert dem Motto „Mieux manger, mieux vivre“ hu si Iech eng Selektioun vu liichten a gesonde Produkter zesummegestallt, zu engem groussen Deel mat lokalen a regionale Fournisseuren. Mat derbei sinn e.a. d’Salaisons Meyer, Angus mam Naturschutz Fleesch, Biogros, den Domaine Kox, den Hunneg vu Guth, Celeste mat portugisesche Spezialitéiten a Spirilux mat exklusivem Gedrénks. Delhaize liwwert Iech op www.delhaize.lu an an hiere Geschäft och eng ganz Rëtsch vu flotten Iddien ewéi My Menu, de Greenway Burger, déifgefruere Fritten aus séisse Gromperen, d’vegetaresch Pizzae vu Magioni, d’Low Sugar-Gamme an der Glace a vum 27. Juni bis den 10. Juli ass dann och eng grouss Foire des Cocktails mat e.a. de Bacardi Classic Cocktails, Captain Morgan an Absolut Vodka. Profitéiert vun deem frësche Summer an deenen 51 Delhaize-Geschäfter uechter d’Land an op www.delhaize.lu.

www.delhaize.lu

Back to Top
CIM LOGO