
Op der Home Expo an der Luxexpo The Box um Kierchbierg erlieft Dir vum 10. bis den 18. Oktober Dir Konferenzen, Ausstellungen a Produktpräsentatiounen ronderëm d’Bauen a Wunnen, déi Kéier mat iwwer 200 Aussteller. Wann Dir baut, renovéiert oder Iech et einfach nëmme wëllt méi schéin a gemittlech doheem maachen, da sidd Dir hei goldrichteg!
Dest Joer gëtt e speziellen Akzent op Bannendesign an Dekoratioun geluecht, e.a. mat engem Virtrag vun der franséischer Designerin an Innenarchitektin Mélanie Trinkwell, déi déi neist Wunn- an Ariichtungstrends wäert präsentéieren. Duerch d’Pandemie hunn d’Leit jo méi Zäit doheem verbruecht an duerno bestëmmt och, esou dass agreabel a funktionell Home-Office-Léisungen, e schéine Gaart an eng flott Kichen sécher grad esou vill Succès dierften hunn ewéi Piscinnen, Saunaen, Billardsdëscher, Bibliothéike, Wäikelleren, Spillzëmmer asw...
D’Home Expo mat der Semaine Nationale du Logement respektéieren natierlech all sanitär Mesuren an duerfir sollt Dir Iech och am Virfeld op home-expo.lu umellen an am Beschten am Viraus e Rendez-vous mam Aussteller ausmaachen. Vill Leit dierfte sech op alle Fall iwwer déi nei Hierschtfoire freeën an een nach méi speziell: ënner alle gescannten Ticketen gëtt och nach e MacBook Pro verloust!