
Dir kënnt Är Dramkichen och elo am Abrëll mat hiren Experten iwwer Telefon um 26 38 38 66 an iwwer mail op info@kicheconcept.lu plangen. Si huele genee déi selwecht Wënsch entgéint, wéi dat och soss an hirem Showroom de Fall ass. Esou verléiert Dir keng Zäit am Verlaf vun Ärem Bau oder Ärer Renovatioun. Dir kënnt hinnen einfach Äre Plang vum Haus oder Appartement schécken an da schaffe si Iech alles op Mooss esou aus, esou wéi Dir dat gäer hätt. A wann et séier muss goen, zum Beispill fir e Chantier am August, an et misst nach eppes geännert ginn oder Dir wëllt eventuell herno zum Beispill nach eng aner Faarf eraussichen, dann ass KicheConcept ganz flexibel. De Präis gëtt dann einfach och nodréiglech sief et no ënnen oder no uewen ugepasst – ëmmer ganz fair an transparent. A wann elo an den nächsten Deeg en Tiefkühler oder e Frigo sollt en panne falen, op e vu KicheConcept installéiert gouf oder net, da kënne si Iech och kuerzfristeg mat hiren Equipen depannéieren. All déi Kichen, déi zanter dem 18.3. sollte montéiert ginn, ginn natierlech direkt no der Kris an Ugrëff geholl. An och wann déi grouss Kichefoire zu Mailand am Abrëll net konnt sinn, esou kommen déi nei Modeller awer lues a lues bei KicheConcept un an do kann een sech dann op www.kicheconcept.lu an op hirer Facebook-Säit schon e Bild vun den neien Tendenze maachen.