
KOBA ass eng dynamesch Firma am Secteur vun der Immobilien-Entwecklung. Als Promoteur a ʺReal Estate developerʺ ass KOBA och den Ament weiderhin op der Sich no Terrainen an Haiser, op deenen een eppes entwéckele kann. An dat am ganze Land. Durch den Arrêt vun de Chantieren hu si elo vill Zäit fir Etuden an deem Sënn ze maachen. KOBA huet esouwuel eng national, wéi och eng international Clientèle a begleed och spekulativ Développementsprojeeën. De Georges Berna an den Didier Leroy an hir Equipe ginn all Projet esou un, ewéi wann et hiren eegene wier. Si ëmgi sech dann och mat Professionneller, déi hir Philosophie deelen, a begleeden Iech wärend der ganzer Zäit vun der Realisatioun an huele sech vill Zäit fir all Fro ze beäntweren. Hir Valeure si Respekt, Vertrauen, Transparenz an eng positiv Approche, déi fir si grad esou wichteg ass, ewéi technesch a juristesch Kompetenzen. Informéiert Iech op www.koba.lu.