
Mat der Zousazpensioun vu lalux kënnt Dir Är Pensioun mat engem zousätzlechen Akommes opwäerten an dobäi haut scho vun interessante Steiervirdeeler profitéieren. Nieft den obligatoresche Cotisatiounen un d’Sécurité Sociale, kënnt Dir nämlech de Finanzement vun Ärer Pensioun als „Dépenses Spéciales“ an der Steiererklärung ofsetzen. Zanter dem 1. Januar vun dësem Joer, kënnen och Fräiberuffler a Selbststänneger vu weidere steierlechen Avantagë profitéieren. D’lalux-Agente stinn Iech mat enger professioneller Berodung zur Säit a fanne mat Iech genau déi Léisung, déi Äre Besoinen entsprécht.