Elo ass en op!"Le Quai Steffen" op der Stader Gare

IPL
Restauratioun an Take-Away all Dag vu moies 5.00 bis owes 23.00

1 ½ Joer gouf intensiv geschafft a renovéiert an elo ass en op: de „Quai Steffen“ op der Gare an der Stad. An d’Resultat vun deenen iwwer 2.800 Arbechtsstonnen mat 25 Handwierksbetriber léisst sech weisen! Op deenen 226m2 Restaurant a 57m2 Take-Away schaffen elo 52 Leit a begréissen hier Gäscht an engem wierklech formidabelen Ëmfeld: modern an awer am Respekt vun der Garer Traditioun, deenen hier Kuliss zum Beispill am falsche Plafang veréiwegt gouf. D’CFL an de Groupe Steffen hunn e Collaboratiounsaccord fir 10 Joer ënnerschriwwen an där deene ronn 70.000 deegleche Passanten op der Gare eng ofwiesslungsräich Kiche proposéiert gëtt, vum Mënsch fir de Mënsch, mat Qualitéitsprodukter gemaach. Fir den nächste Summer ass och eng Terrass fir 80 Leit virgesinn. De „Quai Steffen“ ass all Dag op, vu moies 5h00 bis owes 23h00, och sonndes an d’Feierdeeg. Reservéiere kënnt Dir op www.lequaisteffen.lu.

RTL-Business 2.10.2019 13h20

www.lequaisteffen.lu

Back to Top
CIM LOGO