Schmaacht hir gutt Wäiner vun der Musel:'Les Vignerons de la Moselle' presentéieren hir nei Grands Premiers Cruën

IPL
Vun der Musel a soss keen

Les Vignerons de la Moselle presentéieren eis elo hir Grands Premiers Cruën.

Zanter November kenne mer Domaines Vinsmoselle jo ënnert der neier Mark « Les Vignerons de la Moselle », woubäi hei d‘Wënzer an de Virdergrond gestallt ginn an sech alles ronderëm Respekt, Authentizitéit a Passioun dréit.

Déi éischt Produiten déi ënnert dëser neier Mark erauskomm sinn waren d’AOP Wäiner a lo ass et dann un de Grand Premiers Cruën hire neie Look ze presentéieren. D’Resultat vun engem ganze Joer haarder Aarbecht vu méi ewéi 200 Wënzerfamillje vun der Musel, an dat spigelt sech och am neien Design vun de Flächen an Etiketten erëm.

Kuerz gesot Qualitéitswäiner vun heiheem déi Dir Iech net sollt entgoe loossen. Entdeckt de Rivaner, Auxerrois, Pinot blanc, Pinot gris a Riesling also vun elo un an alle Geschäfter.

Méi Infoen op lesvignerons.lu

17/07/2020 Business

http://www.lesvignerons.lu

www.lesvignerons.lu

Back to Top
CIM LOGO