
Niewt all deene schlechten Nouvellen aus deene läschte Wochen, koum des Woch awer och eng gutt aus der Lëtzebuerger Wirtschaft: d’Boufferdéngsbrauerei huet en neit Waasser op de Maart bruecht. Dat ass e Meilesteen fir d’Brasserie Nationale vu Käerjeng! De Famillgebetrib lancéiert en neit Waasser, aus deem jo och de Boufferdengsbéier zu 95 % besteet. 4 Tendenze stäipen de Lancement vu „Lodyss“: de grénge Foussofdrock fir d’Nohaltegkeet, mat manner Plastik fir eis Ëmwelt, zu Gonschte vun eiser Gesondheet an e Produkt „made in Luxembourg“. Niewt deenen 2 nationale Marke vu Mineralwaasser ass de Maart dominéiert vun auslänneschem Wasser: 700.000hl, wat e Konsum vun 123 Liter pro Persoun, 60% PET a 40% am Glas ausmécht. Lodyss ass ganz uewen an der Qualitéitspyramid, soen déi Responsabel vun der Brasserie Nationale, well et zanter 30.000 Joer, also der Äiszäit, ënnert engem Fiels an 317 Meter Déift agespaart ass, also ouni iergendeng menschlech Pollutioun a ganz ouni Nitrat. Lodyss gëtt et an 3 Formater: 25cl, 50cl an am Liter, exklusiv a Vidange-Fläschen, platt mam roude Stopp a liicht spruddeleg mam bloen. Entdeckt Lodyss an Ärem Supermarché, op www.lodyss.lu an Dir kënnt Iech dat neit Waasser och heem liwwere loossen.