
Nächst Joer feiert d’Lotterie Nationale säi 75. Gebuertsdag.
An dem Kader versicht d’Lotterie Iech op en neits glécklech ze maachen, mat engem exklusive Rubbel-Spill, dat et zanter gëschter fir de Präis vun 10€ ze kafe gëtt.
Ze gewanne gëtt et zum Beispill eng eenzegaarteg Dramrees op LasVegas a Miami.
Dobäi kann een Deel vun enger Tele’s Show ginn, bei där ee bis zu 500.000€ ka mat Heem schleefen.
8 Leit kënnen dës Rees gewannen a kënnen eng Persoun vun hirem Choix mathuelen.
Et ginn awer och nach eng sëllech wieder Cadeauen, déi ee bei dësem Rubbel Lous ka gewannen.
Do lount et sech definitiv matzemaachen.
Kuckt och op www.loterie.lu.