De Metallbaubetrib vu BerbuergMaacht Iech et baussen a banne gemittlech mat Lang's Lights

IPL
Et gëtt alles um Computer dräidimensional vun hire Konstrukteuren gezeechent a komplett digital un hir Maschinne weidergeleed

Business RTL 6.5.2020

Lang’s Lights garantéiert senge Clienten zanter 1983 héichwäerteg Qualitéit, individuellen Design an eng nohalteg Installatioun.

De Metallbaubetrib Lang’s Lights vu Berbuerg, ass net nëmmen punkto Design an Nohaltegkeet um neitste Stand. Vum Gelänner, der Terrass, dem Balkon, Siichtschutz, Mauerofdeckung, Metallfassad, Enseignen mat integréierter Beliichtung, Schiebepaarten fir den Aussenberäich bis zur Umzäunung fann Dir bei Lang’s Lights alles fir Iech Äert Dobannen an Dobausse méi schéin a gemittlech ze maachen.

Et gëtt alles um Computer dräidimensional vun hire Konstrukteuren gezeechent a komplett digital un hir Maschinne weidergeleed. Oofwiesselnt gëtt da mam Laser a mam Waasserstrahlplus Präzisionsplasma geschnidden. Am Metallhandwierk ass momentan d‘Schneiden dee wirtschaftlechste Wee ëppes hierzestellen. Duerno gët ët nach propper geschlaff a vun hirem Biegezenter a Form bruecht. An hirer Lackéierkabin beschichte si och d‘Metall a ginn de Produkter hir individuell Faarf.

Hiert neitst Produkt ass eng virmontéiert Paart fir baussen, déi an engem eenzegen Dag funktiounsfäerdeg beim Client installéiert gëtt, op Wonsch och mat Motor, Bréifkëscht oder Spriechanlag. Inspiréiert Iech op www.langslights.lu an op hirer Facebook-Säit!

www.langslights.lu

Back to Top
CIM LOGO