
Bis den 12. Mäerz kann een och nach seng eegen Aarbechtswelt mat bestëmmen. Absolut, well dëst Joer sti jo nees Sozialwalen un, wou openeits déi 60 Vertrieder fir an d’Chambre des Salariés gewielt ginn. Jiddereen deen hei am Land schafft, oder hei seng Pensioun kritt, krut bis de 15. Februar seng Walziedelen heemgeschéckt. Dës solle bis spéitstens den 12. Mäerz ausgefëllt a per Post an Ärem Wallokal ukommen. Wéi der wiele sollt, gesitt Dir och op csl.lu, wou dat ënner Anerem mat engem Video ganz einfach beschriwwe gëtt. Um Internetsite vun der Chambre des Salariés fann Dir an deem Kader och e flotte Quiz, bei deem et sech definitiv lount matzemaachen, well donieft dass Dir Ärt Wëssen erweidert, kënnt Dir hei och all Dag, bis den 10. Mäerz nach mat, zwou Koppelen Tickete fir an de Kino gewannen.