Eng Aktioun vum VerkéiersverbondMam Vëlo op d'Schaff

IPL
Loosst den Auto doheem

D’Aktioun „Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul“ – kuerz MVOS genannt – ass eng Sensibiliséierungscampagne vum Verkéiersverbond fir de Vëlo déi all Joer tëscht dem 15. Mee an dem 31. Juli statt fënnt an wou och ëmmer méi Leit mat maachen.

Konkret geet et drëm tëscht Mëtt Mee an Enn Juli de Vëlo wärend mindestens 15 Deeg ze notzen fir op d’Aarbecht oder an d’Schoul ze fueren. Wann een dëst Objektiv erreecht gëtt, hellt een automatesch un der grousser Verlousung deel.

Gefuer gëtt an Equippen vun 2-4 Leit. Dobäi muss de Wee fir op d’Aarbecht oder an d’Schoul net onbedéngt dee selwechten sinn. Et muss een och net de ganze Wee mam Vëlo fueren an d’Kilometer spillen dobäi keng Roll. Et geet drëm fir mol eppes Neies ze testen an den Auto mol lénks leien ze loossen, fir sech selwer an der Ëmwelt eppes Guddes ze doen an einfach Spaass um Challenge ze hunn – an mat e bëssen Chance een vun eisen 20 Präisser ze gewannen!

Jiddereen deen an d’Schoul geet oder hei zu Lëtzebuerg schafft kann mat maachen. Niewelaanscht kritt dee Betrib, deen meeschten Mataarbechter motivéiert op de Vëlo ze klammen, eise Golden Gear Award iwwerreecht.

Ausserdeem kritt jiddereen deen matmécht e Kaddo vum Verkéiersverbond geschenkt fir Merci ze soen.

Also schreift iech schnell an op

www.mvos.luan trëppelt scho muer an d’Pedalen!

22/05/2019 Business

Back to Top
CIM LOGO