
Et ass Miwwelfestival bei Miwwel Alvisse zu Leideleng an do erwaarden Iech bis zu 15% op Miwwelneibestellungen.
Am neie Kicheshowroom profitéiert Dir vu besonneschen Ouvertureskonditiounen mat esouguer bis zu 25% op Neibestellungen. An op de Sunrise-Modeller vu Stressless kënnt Dir 500€ spueren! An op deene 720m2 vun hirem Luuchtestudio geet Iech mat de Marke Villa Flor, Besselink, Umage a Vandeheg bestëmmt eng Späicherliicht op, wéi eng Luucht am beschte bei Ären Intérieur passt!
Am neie Katalog vu Miwwel Alvisse fannt Dir Miwwele fir all Goût, all Stil a fir all Budget. Dëse Weekend, e Samschdeg 3.10. an e Sonndeg 4.10. si Kachvirféierunge vu Berndes an der Boutique vu Miwwel Alvisse mat ville, flotte Promotiounen an alle Rayonen.
Dëse Sonnden Nomëtten ass Miwwel Alvisse also vun 14.00 Auer u fir Iech op a bei Ärem Besuch kënnt Dir och beim grousse Fedam Gewënnspill matmaachen an interessant Präisser gewannen.