
Dir sicht déi ideal Destinatioun fir vun Ärem Hotelsbong vum Tourismusministère ze profitéieren ?
Munneref ass hei natierlech déi richteg Adress!
A Mondorf Promotion schenkt Iech bei dëser Geleeënheet nach en 2. Bong vu 50€ fir déi 2. Nuecht an demselwechten Hotel dobäi.
Mee maacht Iech bäi, well dës Offer gëllt just fir déi éischt 500 Visiteuren.
Munneref an Ëmgéigend ass déi ideal Plaz fir opzetanken!
Entspanung am Wellness vum Domaine Thermal, e Spill am Casino 2OOO, en Tour duerch d’Butteker oder eng Paus op enger schéiner Terrasse genéissen?
Spaass fir Grouss a Kleng beim Easy-golf oder am Fligermusée a sech dono kulinaresch verwinne loossen.
A fir déi méi sportlech ass een zu Munneref am Fitness, zu Fouss oder mam Vëlo ënnerwee.
Et ass einfach fir Jiddereen eppes dobäi!
Wielt Är perfekte Kombinatioun.