
De Familljebetrib Prefalux deen et elo schonn zanter 1934 gëtt, setzt sech eng Zäitche scho mam Thema Modern Mobilitéitsléisung auserneen.
Elo lancéieren si hiert neit Geschäft “My Ways” zu Jonglënster an zu Wolz.
An dëse Geschäfter fënnt een ënner aanerem elektresch Gefirer ewéi d’Elektroautoe vu Renault, d’Motorrieder vu “Zero Motorcycles” oder d’E-Bike vu My-Boo.
Donieft bidden si iwwer Prefalux Constructions all Infrastrukture punkto intelligente Statioune fir opzelueden oder Photovoltaik Installatiounen.
Weider Informatioune fannt Dir op www.myways.lu oder op www.prefalux.lu.