E gratis digitalen Test, fir déi mental Gesondheet ze moossenmymindscan.lu vun der Bâloise a VIREO

IPL
Arbechtsëmfeld, Recuperatioun, Motivatioun, Stressresistenz, Perfektionnismus an den zentralen Nervesystem gi gréng, orange oder rout bewäert

RTL-Business 13.5.2020 13h15

Et gi vill national an international Etuden, déi de psychologësche Stressfacteur vun deser Covid-19-Kris ënnersichen. An déi warne virun deenen negativen Auswierkungen op eis mental Gesondheet, e.a. duerch déi nei Art a Weis fir vun doheem aus ze schaffen. Laut deenen Ëmfroen, géing de Risiko fir Depressiounen, Burnout, chronësch Middegkeet oder och nach auto-aggressivt Verhalen bis hinn zum Suicide an d’Luucht.

An deem Kontext hunn d’Bâloise a VIREO séch elo zesummegedo fir de grand public iwwer des psychosozial Risiken ze sensibiliséieren, an zwar mam gratis Outil MyMindScan. Dee gëtt schonn a grousse Firmen an a Sportscluben op héigem Niveau benotzt. Et ass en einfachen, digitalen Test, mat deem een an enger véierel Stonn déi mental Gesondheet vun enger Persoun objektiv an einfach verständlech ka moossen an negative Stress, Middegkeet a Signaler fir Burnout erkennen.

6 Facteuren – d’Arbechtsëmfeld, d’Recuperatioun, d’Motivatioun, d’Stressresistenz, de Perfektionnismus an den zentralen Nervesystem gi gréng, orange oder rout bewäert. Deen, dee getest gouf, kann dann duerno personnaliséiert Rotschléi kréien a vu Skillosophy Hëllef kréien. Dat ass eng Firma mat diploméiert Coachen, déi MyMindScan & e-coaching zertifizéiert sinn. Alles ass och GDPR-konform!

D’Bâloise huet sech schonn dacks mat Theme ronderëm d’Gesondheet, Wuelbefannen an Digitalisatioun beschäftegt a mam Outil MyMindScan vu VIREO loosse sech elo all des Theme flott kombinéieren.

Maacht Äre gratis Test op www.mymindscan.lu.

www.mymindscan.lu

Back to Top
CIM LOGO