Am Videochat seng Fréijoers- a Summerkollektiounen eraus sichenNaturwelten: interaktive Videokaf iwwer Whatsapp!

IPL
D'Bio- an Naturgeschäft vu Bouneweg geet nei Weeër an der Corona-Kris

Business RTL 15.4.2020

Dat Bouneweger Geschäft Naturwelten huet en innovative Krisemodell. Dem Lucien Reger säi Bio- an Naturgeschäft gëtt et zanter 1985 an des Corona-Kris setzt hien a seng Equipe och virun nei Erausfuerderungen! Wien iwwerliewe wëll, muss kreativ sinn. Gesot, gemaach! Naturwelten Bio&Fair beréid seng Clientèle elo wärend der Quarantän op eng originell an innovativ Art a Weis iwwer WhatsApp. Dee System kinnt och fir aner Geschäftsleit, déi duerch d’Kris keen oder manner Akommes hu, Schoul maachen. D’Fréijoers- a Summerkollektioune vun Naturwelten si jo scho kaaft an hänken um Bigel. Fir déi ongeféier 10.000 Referenzen elo alleguer online ze setzen, wier immens vill Opwand fir déi kleng Equipe vu 5 Leit gewierscht. Esou koum d’Iddi, dass d’Leit hinne kënnen iwwer Whats-App uruffen. Si schalten dann d‘Kamera un a weisen Iech hir schéi Kollektiounen. Huet de Client dann am Videochat eppes fond, wat him gefält, gëtt et online an de Wuerekuerf geluecht an de Client ka seng Akeef eng véierel Stonn drop op hirem Internetsite erëm fannen, kontrolléieren, bezuelen a scho ginn d’Wonschartikele geliwwert. Déi detailléiert Erklärung fir den interaktive Videokaf iwwer Whatsapp fann Dir och an 3 Sproochen a mat engem Video op www.naturwelten.lu.

www.naturwelten.lu

Back to Top
CIM LOGO