
Den Automobilclub bitt elo en neie gratis Assistenz-Service fir Vëlosfuerer an dat 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7. D’ACL Bike Assistance gëllt fir all d’ACL-Memberen, déi eng Lëtzebuerg- oder Europakaart hunn. Wann een nëmmen de Vëlo als Transportmëttel benotzt, egal op en einfache Vëlo oder en elektreschen, dee ka sech och déi nei ACL Bike Assistance Member-Kaart maache loossen, fir nëmme 25 Euro pro Joer. An de Asazween vum ACL befënnt sech och eng mobil Stroumtankstell a genuch Plaz fir Vëloe matzehuelen, am Fall vun enger Panne oder enger Noutsituatioun. A natierlech profitéiert Dir mat der ACL Bike Assistance Memberskaart och vun alle weideren ACL Virdeeler an Déngschtleeschtungen ewéi d’Loune vun engem Auto iwwer ACL Clubmobil, exklusiv Reesen oder Remiseë bei verschidde Partner.
Déi genee Konditiounen a weider Informatioune fannt Dir op