Elo disponibel am App Store an am Google PlayNei Versioun vun der LuxTrust Mobile App

IPL
Finanzoperatiounen an administrativ Démarchen liicht gemaach

Business RTL 13.12.2019

Déi nei Versioun vun der LuxTrust Mobile App ass elo disponibel. Des App erméiglecht hiere Clienten hier Finanzoperatiounen an administrativ Démarchen ganz einfach an an aller Sécherheet mat hierem Smartphone ze maachen, ouni en Token oder e physesche Scan. Déi nei Versioun gouf nach weider verbessert an huet elo och eng nei Funktioun: d“Push Notification“, mat där Dir zum Beispill Operatioune kënnt validéieren oder annuléieren. D’Fonktiounen App2App a Scan bleiwen och weider aktiv. Dir kënnt d‘LuxTrust Mobile App aus dem App Store oder aus dem Google Play eroflueden an dann Äer perséinlech elektronësch LuxTrust-Identitéit mat Äere private Sécherheetscoden aktivéieren. Dat ass dann esou eppes wéi Äer digital Identitéitskaart, déi Dir natierlech mat kengem anere sollt deelen. Op www.luxtrust.com fannt Dir och Rotschléi fir de Gebrauch vun der App. D‘LuxTrust Mobile App kënnt Dir iwwregens och kamout op engem 2. Apparat, zum Beispill enger Tablet, mat der TouchID oder der FaceID aktivéieren.

www.lustrust.com

Back to Top
CIM LOGO