2 Betriber mat de selwechte Valeuren: Neie Partenariat tëschent "OST Fenster" an "Châssis Hanin"

IPL
Qualitéitsaarbecht, Innovatioun, modern Techniken
De Lëtzebuerger Familljebetrib OST Fënster an déi belsch Firma „Châssis Hanin“ hunn e Partenariat ënnerschriwwen. De Kontrakt dozou gouf offiziell am Kader vun der Staatsvisitt vum belsche Kinnekshaus an der Chambre de Commerce ënnerschriwwen. Wärend “Châssis Hanin” am Aluminium, PVC a Stol schafft, ass “Ost-Fenster” op Holz spezialiséiert. Ost gëtt et zanter méi ewéi 50 Joer an “Châssis Hanin“ ass 1905 zu Marche en Famenne gegrënnt ginn. Déi 2 Entreprisen deelen déi selwecht Valeuren : Qualitéitsaarbecht, d’Hierstellung vu schéine performante Fënsteren ouni awer de Stil vun de schéinen ale Gebaier ze veränneren. Och Innovatioun ass deenen 2 Betriber ganz wichteg mat modernen Techniken déi eng optimal Flexibilitéit garantéiere fir d’Iddien a Wënsch ze realiséieren. Dëst ass virun allem och fir d’Clienten eng plus Value déi ëmmer méi exigent ginn. Weider Informatioun iwwert de Partenariat an déi 2 Betriber fannt Dir op hanin.be an op

ost.lu

23/10/2019 Business

www.ost.lu

Back to Top
CIM LOGO