Eng riseg Offer un ebooks an Audiobicher: Notzt de gratis Service ebooks.lu

IPL
Iwwer 145.000 ebooks op Däitsch, Franséisch an Englesch.

ebooks.lu ass e gratis Service vun der Nationalbibliothéik a vun 11 lëtzebuerger Partnerbibliothéiken. Hei kann een ebooks ausléinen a mat enger App doheem oder ënnerwee liesen. Sief et um Handy, op enger Tablette oder um PC.

Am Moment ginn et em déi 145.000 ebooks op Däitsch, Franséisch oder Englesch zu ganz verschiddenen Themen. Dorënner Literatur, Fräizäit, Kannerbicher oder och Guiden, an - elo ganz nei - eng grouss Offer un Audiobicher.

Fir heivunner kënnen ze profitéieren, muss een an der BNL oder an enger vun den 11 Partnerbibliothéiken ugemellt sinn. D’Lëscht vun de Bibliothéike fënnt een op ebooks.lu, wou een och eng ganz Rei Erklärunge kritt, wéi een dëse gratis Service am Beschte benotzt.

08/07/2020 Business

ebooks.lu

Back to Top
CIM LOGO