Dëse Freideg 2.10. a Samschdeg 3.10.Occasiounsmaart an der Auto-Moto-Nordstad

IPL
An den 18 Garagen mat enger Nocturne e Freideg bis 21.00 Auer!

30/09/2020 Business News

Dëse Weekend ass den traditionellen Occasiounsmaart an der Auto-Moto-Nordstad, wann och an dësen Zäiten an enger bëssen anerer Form: dëse Freideg 2.10. an e Samschdeg 3.10. ginn Iech d’Garagisten aus der Auto-Moto-Nordstad Rendez-vous an hire jeeweilege Garagen, fir Iech an aller Sécherheet hir Occasiounen ze präsentéieren. Béid Deeg vu Moies 9.00 Auer un an e Freideg esouguer mat enger Nocturne bis 21.00 Auer.

Och wann also déi schéin Traditioun, fir sech eemol am Joer an den Däichwisen zu Ettelbréck ze treffen, dëst Joer net ginn ass, sinn et duerfir awer net manner Occasiounsautoen a Motorrieder, déi en neit Doheem sichen. Natierlech sinn och Testfaarte méiglech. Ausserdeem gëtt et bei all verkaaften Auto och nach e Bensinsbong mat derbäi an et ginn 2 Bongen am Wäert vun 1.000 € verloust.

Déi 18 Partnere vum Occasiounsmaart an der Auto-Moto-Nordstad fannt Dir op automotonordstad.lu.

automotonordstad.lu

Back to Top
CIM LOGO