
Orange lancéiert d’Operatioun #OnResteEnsemble oder #MirBleiwenZesummen soll deenen eelere Leit erlabe mat hierer Famill a Kontakt ze bleiwen, iwwer de Wee vun de Publicitéitsspoten vun Orange. An dësen Zäite, an deene mir all doheem bleiwen, sinn d’Deeg dacks laang fir eis eeler Matbierger, déi dacks nëmmen d’Festnetz hunn, fir Neiegkeete vun hire Kanner an Enkelkanner ze kréien. Mat der Aktioun #OnResteEnsemble waart eng Iwweraschung op si. Si kucke jo meeschtens all Dag stonnelaang Telé. Bis de 15. Mee, lancéiert Orange also d’Operatioun #OnResteEnsemble an Zesummenaarbecht mat RTL. Déi wäert secher deen een oder aneren emotionale Moment virun der Telé mat sech bréngen. Déi eeler Leit gesinn nämlech elo an hirem Liblingsprogramm opeemol eng Orange-Pub, mat Videoe vun hiere Kanner a Kandskanner. Wann Dir der Bomi oder dem Bopi och esou ee léiwe Message wëllt schécken, da surft emol op www.mir-bleiwen-zesummen.lu, resp. www.on-reste-ensemble.lu, wou Dir Äre kuerze Video kënnt erop lueden, deen da bestëmmt an den nächsten Deeg op RTL Telé Lëtzebuerg gesend gëtt.