Päiperleken an nach vill méiPäiperleksgaart eng Plaz fir Grouss a Kleng

IPL
Dëst Joer mat hirem 30. Gebuertsdag

Eng Tropesch Oase vu Ronn 600qm, ass d’Doheem vu 40-50 verschiddene Zorten u Päiperleken, oder Pimpampelen, wéi se hei och nach genannt ginn, tropesche Planzen an exoteschen Déieren.

Eng Plaz fir grouss a kleng, a fir all Frënn vun der Natur.

De Päiperleksgaart ass all Dag vun hallwer 10 bis 5 Auer Mëttes op. An dat och souguer um Feierdag.

No enger flotter Visitt am tropesche Paradäis, kann een sech am Shop nach e flotte Souvenir mathuelen an an hirer Brasserie e gelongenen Dag mat Famill a Frënn ofschléissen.

All Dënschdeg ass d’Entrée fir d’Kanner och Gratis.

Fir eng Visitt vun enger Grupp vun 10 Persounen un, ass et och wichteg sech op hirem Site unzemellen.

An dat op www.papillons.lu.

17/05/2019 Business

www.papillons.lu

Back to Top
CIM LOGO