Dëse Freideg 24.1. ab 18.00 Auer:Pop-Up Zwift Wahoo Challenge am Asport Cycling zu Angelduerf

IPL
Zesumme mam Alex Kirsch, Laurent Didier an Acacio da Silva

RTL-Business 24.1.2020 13h10

Dese Freideg 24.1. ass dee grousse Pop-Up Zwift Wahoo Challenge am Asport Cycling. Um 18.00 geet et lass, am Asport Cycling zu Angelduerf, zesumme mam Alex Kirsch, Laurent Didier an Acacio da Silva. Wat ass de Pop-Up Zwift Wahoo Challenge? Dat ass eng virtuell Course um Vëlo an engem animéierte Programm vun Zwift. Zwift ass den aktuelle Begrëff bei all Vëlosfuerer, deen iwwer de Wanter net gär op d‘Strooss geet. Dee ganzen Owend iwwer ass vill Animatioun garantéiert. Déi, déi net wëllen um Challenge deel huelen, sinn och wëllkomm fir laanscht kucken ze kommen an e Patt ze drénken. Weider Infoe fannt Dir op www.asport.lu. An da gëtt et nach e weidere Grond fir den Owend zu Angelduerf mat derbäi ze sinn: de Garage Deltgen präsentéiert do och nämlech den offiziellen Trek Segafredo Toyota Corolla touring sport Hybrid.

www.asport.lu

Back to Top
CIM LOGO