
Vum 30. Januar bis den 2. Februar dréit sech an der Luxexpo The Box um Kierchbierg nees alles ronderëm déi beschte Wäiner aus der Regioun Bordeaux an der Emgéigend, op der 15. Editioun vum Salon des Vins vun den onofhängege Wënzer aus der Regioun Nei-Aquitaine. De Rendez-vous fir Wënzer, Professioneller Gastronomen a jiddereen dee nei Wäiner entdecke wëll. Léiert déi verschidde Wënzer a Wäiner kennen, schmaacht déi beschte Cruen a kaaft äre Wäi fir de selwechte Präis, wéi am Wënzer sengem Keller. Verpasst och net den den Afterwork muer vu 6 Auer owes un, wou dir e flotten Owend ënner Frënn an Aarbechtskolleege verbréngen a Produiten aus der Regioun schmaache kënnt!