3 Geschäfter ronderëm d'Stad: Sichel Home, Sichel Gift a Sichel Loft

IPL
Déi schéinste Miwwele mam beschte Service

Zanter méi ewéi 20 Joer ass de Sichel bekannt fir déi schéinste Kaddoen a Miwwelen zu Lëtzebuerg. Et gëtt 3 verschidde Sichel-Geschäfter ronderëm d’Stad: den “Home” um Houwald, mat den elegantste Miwwelen aus Italien, wéi Cassina oder Molteni, ma och mat engem wonnerschéine Kaddosrayon, wou een zum Beispill héichwäerteg Käerzen oder Glieser kritt. An och fir Chrëschtdag fënnt een do ëmmer eng flott Kaddosiddi.

An der City Concorde gëtt et dann 2 Geschäfter: den neiste Buttek “Sichel Loft”, mat jonke Miwwelen déi aus Skandinavien kommen an eng locker Atmosphäre ausstralen, a mat engem grousse Kannerrayon mat lauter Artikelen fir op eng Liste de naissance. A Last but not least de “Sichel Gift”, deen zanter 15 Joer e komplette Kaddosrayon proposéiert.

01/11/2019 Business

Dir fannt déi verschidde Geschäfter och op

sichel.lu

www.sichel-home.lu

Back to Top
CIM LOGO