
D’Erliefnesbad “Les Thermes” vu Stroosse mécht Enn Juli, Ufank August seng Dieren neess fir de Public op. D’Réouverture gëtt effektiv den Ament präparéiert! No den éischten Informatioune vun den Autoritéiten, dass d‘Schwämmen an d’Wellnessberäicher net virun Enn Juli kéinten opmaachen, huet de C.N.I. Les Thermes decidéiert dës laang Zäit effektiv ze notzen. Zousätzlech zum Ofschloss vun den neie Projekter “Space Shuttle”-Rutsch, Spraypark a Living Wall, ginn den Ament déi järlech Ënnerhaltsaarbechten duerchgefouert. Nodeems d’Duschen an d’Vestiairen am Saunaberäich gewiesselt goufen, ginn elo d’Vestiairë vun de Schoulen a vum Public a Stand gesat.
CNI Les Thermes invitéiert och d’nächst Woch op e flotte Concours fir d‘Kanner bis 6 Joer: “Dat klengt onbekannt Wiesen” vum Spraypark, deen elo do entsteet. D’"Stäre-Paart” erlaabt de Kanner demnächst an de Spraypark eranzegoen an deen Universum op 18 verschiddene Waasserspiller ze entdecken. Mam Startknäppche fänkt déi spannend Rees an de Weltraum un, an deem déi Kleng Planéite, Big Bang Springboards, Schutzprabelien a Meteoritte fannen. D’Kanner maachen all Kéier eng aner Erfarung, wa se op de Knäppchen drécken. Dat klengt onbekannt Wiesen, deem säin Numm CNI Les Thermes zesumme mat de Kanner am Concours wëll fannen, lieft op dëser Waasserspillplaz. Fir matzemaachen kënnen d’Kanner d’Kaart vum Concours, déi nächste Méindeg 15.6. vun der Post verdeelt gëtt, bemolen, en Numm fir dat klengt onbekannt Wiese fannen an d’Kaart u Les Thermes bis den 30.6. zeréck schécken. De Gewënner kritt eng Splashcard am Wäert vun 200 €!
Et lount sech also ze waarden! De geneeën Datum fir d’Réouverture vum Erliefnesbad a vun de Saunae gëtt dann och deemnächst matgedeelt. An der Tëschenzäit hunn den Institut “Escale Beauté” an de Fitnessberäich “Vitaly-Fit” hir Diere fir d’Clienten op gemaach. Kuckt och op lesthermes.net!