
Q8 wäert sech an Zukunft méi op d’elektresch Fuere konzentréieren. Elo, wou een ëmmer méi Opluetstatiounen op de Q8 Tankstelle fënnt, an och d’Clienten hier Autoen Doheem oder op Parkplaze vu Geschäfter oplueden, gëllt et dëse Sprong zum elektreschen Trend net ze verpassen. Sou wëll ee senge Clientë Servicer fir all d’Forme vun der Mobilitéit ubidden.
2019 goufen déi éischt Opluetstatioune beim Haaptsëtz vu Q8 zu Bartreng installéiert. Elo engagéiert sech d’Firma voll a ganz op dësem Marché a schafft drun dëst Netz un Opluetstatiounen auszebauen. Dës si gréissten Deels Opluedapparate mat deenen Autoe bannent 20 Minutten opgeluede sinn an ee weider fuere kann. Fir hire Clienten nach méi Choix ze bidde plangt Q8 an deenen nächste 5 Joer genau dës Opluetstatiounen op all den Tankstellen z’installéieren op deenen se nëtzlech wieren.

Et wëll een sech awer net nëmmen op déi eegen Tankstatioune beschränken, mee d’Opluedapparaten och an de Parkhaiser a Parkinge vu Partner, wéi z.B. dem Shopping Zenter am Pommerlach installéieren. Geplangt gëtt och d’Netz op Flughäfen, Garen, esou wéi och P+R Parkingen auszebauen. Q8 mécht dësen Effort, fir senge Clienten d’Fuere mat elektresche Gefierer z’erliichteren, sou dass si ëmmer an egal wou oplueden a weider fuere kënnen.
Kuckt och op q8.lu.