Lëtzebuergesch a franséisch KichenSummerterrasse am Restaurant Briddeler Stuff

IPL
Wärend dem Mäertchen och gebakene Fësch

D’Briddeler Stuff gëtt et schonns zanter 1893 - de Steve Pfeiffer a seng Equipe sinn houfreg schonn 21 Joer hannert dëser Ikon vun der Lëtzebuerger Gastronomie ze stoen a si hu wëlles nach laang esou weider ze maachen.

D’Briddeler Stuff ass bekannt fir hier regional Kichen a besonnesch elo wärend der Oktav fir hiren traditionelle Gebake Fësch.

An engem gemittleche Kader kennt dir Lëtzebuerger Spezialitéiten awer och franséische Kascht genéissen, ob am klenge Krees oder zu méi dacks: an hirem klimatiséierte Banquetssall kënnen bis zu 148 Leit Plaz huelen.

Wann d‘Wiëder et zouléisst ass déi grouss Terrass mat hirem Vakanzenambiente an enger grousser Auswiel u Summerplaten déi ideal Platz fir aus engem Mëtteg- oder Nuechtiessen en onvergiessleche Moment ze maachen. Loosst iech am Summer och hir hausgemaachte Sangria net entgoen - klassesch rout oder, méi liicht, aus wäissem Muselwäin.

Gudden Appetit a bis villäicht geschwënn an der Briddeler Stuff!Méi Info op

www.bridelerstruff.lu

22/05/2019 Business

Back to Top
CIM LOGO