
An der Brideler Stuff wëssen se och mat Krisen ëmzegoen. Zanter 1893, wéi se gegrënd gouf, huet dee beléifte Restaurant op der Haaptkräizung op Nummer 1, rue Lucien Wercollier um Bridel, scho vill erlieft! Mat Kreativitéit an Engagement huet d’Briddeler Stuff 2 Kricher gepackt, d’spuenesch Gripp iwwerstan a vill aner Krise bewältegt.
127 Joer méi spéit huet d’Équipe ronderem de Steve Pfeiffer sech och deser neier Erausfuerderung gestallt a sech komplett nei organsiéiert. Zanter dem éischten Dag vum Confinement proposéiere si en Take Away Service. Op bridelerstuff.lu fënnt een hir permanent aktualiséiert Kaart mat engem Choix, dee séngesgläiche sicht. Zum Beispill och elo gebake Fëschfileten a Gromperekichelcher wärend der Oktave bis de 17. Mee.
Rufft einfach un um 33 87 34 1 fir d’Commande duerch ze gin, a kuerz drop ass alles prett. Alles natirlech am Aklang mat den aktuelle sanitäre Mesuren. Wann Dir et siche gitt, kritt Dir 10% Remise um Iessen an um Gedrénks an d’Uertschaften, an déi si och liwwere, fann Dir mat der kompletter Menüskaart op www.bridelerstuff.lu.