Dese Freideg 18.9. a Samsdeg 19.9.Traditionnell Porte Ouverte an der Boutique Christnach-Jungblut

IPL
Op Nummer 25 an der rue Mathias Hertert zu Beggen

18/09/2020 Business 13h15

Dese Freideg 18.9. a Samsdeg 19.9. invitéiert d‘Boutique Christnach zu Beggen op hir traditonnell Porte Ouverte. Ënnert dem Motto: Do “kriss d’nach” eppes gebueden! Et erwaarden Iech vill extra Konditiounen op de neie Kollektioune vu Barbour, Fjäll Räven, Giesswein... awer och op Schong, Stiwwelen an natierlech um Fudder an den Accessoiren fir Äer Allerléiwst. D‘Boutique Christnach-Jungblut ass jo Äert Fachgeschäft fir Déieren, Fräizäit-Kleedung a Juegdartikelen. Bei hinne fannt Dir allméiglech Accessoire fir Hënn a Kaze, mat e.a. de Marke Masterfood, Bio Fine Food oder Nutro. De Jim Christnach steet Iech als Ziichter a Jurysmember och mat Rot an Dot zuer Säit fir d’Formatioun vun den Hënn, Training an Informatiounen iwwer d’Rassen. Sprangt also haut oder muer emol eran op Nummer 25 an der rue Mathias Hertert zu Beggen. Si hunn e gratis Parking hannert dem Haus. A vergiesst net: de 4. Oktober ass Pappendag fir dem Papp a sengem Déier eng grouss Freed ze maachen! Kuckt och op www.christnach-jungblut.lu.

christnach-jungblut.lu

Back to Top
CIM LOGO